Vue dass d'ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt eng staatlech unerkannten ONG ass, kënnt Dir ären Don steierlech ofsetzen.
Comptes bancaires :
CCPL LU54 1111 0882 8010 0000
BGLL LU88 0030 3469 4611 0000
Erzéiungsaarbecht zu Lëtzebuerg
E wichtege Volet vun den Aktivitéiten vun der ONGD ass d'Jugendaarbecht um NIveau vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten. Op de Camp Chantieren, déi all puer Joer organiséiert ginn, léiere jonk Erwuessener en anert Land, eng aner Kultur an eng aner Liewensweis kennen.
Niewent dëse prakteschen a perséinlech ganz wäertvollen Erfahrungen ass d'ONGD awer och beméit, d'Thema "nohalteg Entwécklung" zu Lëtzebuerg méi gräifbar ze maachen. Thematesch Formatioune fir Chef/tainen vum Verband a pädagogesch Instrumenter, déi si mat op de Wee kréien, sollen hinnen hëllefen, de Kanner a Jugendlechen d'Zesummenhäng tëschent Nord a Süd an eiser globaler Welt méi no ze bréngen. Et ginn awer och Informatiouns- a Sensibilisatiounsaktivitéite an de Grondschoulen an an de Lycéeën ugebueden.
De Grupp Nord-Süd as en Arbechtsgrupp vun benevolen Guiden a Scouten an/oder Memberen vun der ONGD, déi sech zanter 2007 u folgenden Aktivitéiten bedeelegen:
Matgestaltung vun de Fierbereedungsweekender, wou di Jonk op d'Camp Chantier'en am Süden fierbereed ginn
Ausschaffen vun Aktivitéite fir Kanner an Jonker zum Thema nohalteg Entwécklung an der Nord-Süd Problematik
Publikatioun vun engem Spillklasseur fir jonk Chef/tainen an aner Interessenten
Bedeelegung un der Ausbildung vun den jonke Cheffen op den Formatiounsweekender
De Grupp Nord-Süd as en oppene Grupp, bei deem jiddereen kann matmachen als feste Member vum Grupp oder bei eenzelnen Aktivitéiten. Wann dir interesséiert sidd, mellt iech einfach bei der ONGD !
Maach mat
Bei ville Projeten ass op d’mannst eng Etapp virzegesinn, an deeër jonk Erwuessener an déi eenzel Phase vum Projet mat abezu ginn. Esou engagéiere sech all 3-4 Joer eng 100 lëtzebuerger RaRo ganz konkret an der Preparatioun an an der Realisatioun vu Projeten, zesumme mat der Lokalpopulatioun. Hei kënnt d’Method « Learning by doing » net ze kuerz : Duerch den Austausch léieren déi Jonk op deenen zwou « Säiten » sech selwer an d’Zesummenhäng an d’Problematik am Beräich « Nord-Sud » besser kennen. Donieft léiert all Bedeelegten nei Methoden an Technike kennen, déi him hëllefe seng Plaz ze fannen a sengem ekonomeschen a soziale Kontext, op sengem Kontinent, op der Welt… kuerz : d’«Camp-chantierë» fërdere Bridderlechkeet, Solidaritéit, Responsabilitéit a Respekt vun de Jugendlechen aus dem Norden an aus dem Süden a bleiwen och weiderhin e feste Bestanddeel vun eisem Engagement an der ONGD.
Eng 700 lëtzebuerger Guiden a Scouten hunn, an Zesummenaarbecht mat grad sou ville Jonken aus deene jeeweilege Partnerlänner, an deene leschten 20 Joer d’Chance mam Schlawittche geholl, fir aktiv bei engem Entwécklungsprojet derbäi ze sinn.
Entstane sinn ë.a. zwou Beruffsschoulen, Spillplazen, Gesondheetsstatiounen, e Formatiounszentrum a Projetë mat de Schwéierpunkten « Aidsopklärung », « Austausch » a « Reboisement ».
Grouss Camp-Chantieren am Senegal Enn den 80er an ufanks den 90er Joren
E grousse Revival vun de Senegalprojetë war am Summer 2008 am Senegal, wou eng 100 Lëtzebuerger, souwuel jonk RaRo, wéi awer och « al Huesen », zesumme mat grad sou villen « Eclaireurs et Eclaireuses du Sénégal » derbäi waren.
« Kultour » 1996 am Senegal an am Chile
Odysseeprojeten 1999, 2003, 2006 an 2010 a Bolivien, op Haiti, an Indien, am Maroc, am Senegal, am Niger, am Vietnam an a Bosnien …