Daat ass op eisem Energiepas:
1. Déi 5 obligatoresch Säiten déi vum Ministère virgeschriwwen sinn
2. Anzeechnung vun der thermescher Hüll op den Pläng oder Fotoen
3. Grafesch Duerstellung vun den energeteschen Gewënner a Verloschter
4. Moossnamen, déi zur Reduktioun vum Energieverbrauch bäidroen.
5. Finanziell Auswierkungen am Verbrauch vun dëse Moossnamen.
6. Fiichtegkeetsdiagramm vun allen Baudeeler
7. Flächen an U-Wäerter vun allen Baudeeler
Wéini muss en Energiepass erstallt ginn?
ab 1. Januar 2008
Bei engem Neibau
Bei egem Un- an Ausbau, wou de Volumen méi grouss wéi 75m3 ass an eng Baugenehmegung ugefrot muss ginn. Den Energiepass muss fir dat ganzt Wunngebai erstallt ginn. Déi nei Elementer vum Un- an/oder Ausbau mussen de Mindest- ufuerderungen gerecht ginn.
ab 1. Januar 2010
Fir bestehend Wunngebaier (Eefamilljenhaus oder Appartementshaus), bei deenen de Propriétaire oder de Locataire wiesselt.
Bei Renovatiounsaarbechten, wou ee eng Baugeneemegung brauch a
- bei deene méi wei 25% un der Hüll vum Gebai renovéiert ginn.
- bei deenen d'Gesamtkäschten vun den Aarbechten un der Hüll vum Gebai an/oder un den techneschen Ariichtungen wéi Heizung, Waarmwaasserversuergung, Klimatiséierung, Belëftung a Beliichtung 25% vum Wäert vum Gebai (den Terrain net matgerechent) iwwerschreiden.
Wei laang ass en Energiepass gülteg?
Den Energiepass ass 10 Joër gülteg. Wann awer während dësen 10 Joër substantiell Ännerungen um Gebai gemaach ginn, muss en neien Energiepass erstallt ginn. D'Käschten vun dësem neien Energiepass sinn net ze vergläichen mat de Käschten vun dem initialen Energiepass , well et meeschtens duer geet, den alen Energiepass ëmzeänneren.